Beerpong-Tournoi

Beerpong-Tournoi

28.06.2025 - 15:00

Léif LSM-Memberen,

Lo wou de Summer virun der Dier steet an den Duuscht klëmmt, kënnt de Beerpong-Tournoi wéi geruff! 🍻 ☀

Den 28.06 um 15h00 bei de Pinakotheken ass et nees souwäit an dir kënnt är Schéisskënscht ënner Beweis stellen.

Mir suerge fir d’Gedrénks, dir musst iech nëmmen als Duo ënnert follgendem Link bis de 27. Juni umellen.

D’Gewënnerekipp kritt natierlech och e klenge Präis!🥇

Mir freeën eis mat iech e puer Becheren ze treffen!

Äre Comité 💙

Umeldung

Du muss ageloggt sinn, vir dech kënnen vir dëst Event unzemellen. Login