Beerpong Liga
02.11.2026
Leif LSM-Memberen,
Et ass endlech sou wäit! Och dëst Joer organiséiere mir rém eng Beerpongliga
Wat ass dat a wéi leeft dat of?
Hei mellt een sech an 2er-Teams un. Da gett wärend dem Wantersemester an enger Gruppephase géint all aner Equipe aus ärer Grupp gespillt. Dofir sollt dir iech dann ëmmer bei enger vu béiden Equipen doheem treffen. Dir kënnt iech natierlech och zu méi Equipen treffen. D’Zil ass hei nieft dem Beerpong, och är Géigner besser kennenzeléieren an ee flotten Owend mateneen ze verbréngen!
No der Gruppephase kommen dann déi Bescht aus all Grupp an d’Halleffinalen an an d’Finall déi mir an der Klenze spille wärten. Do hoffen mir natierlech ganz vill Leit ze gesinn, dei eis Beerpongmeeschteren ufeiere kommen!
Dest wäert ongeféier Mëtt/ Enn Januar sinn, mee de genauen Datum deele mer iech nach spéider mat.
Fir datt eis Gewenner och mat engem Präis kënne belount ginn, muss all Equipe 10€ als Startgeld bezuelen.
Dat heescht 5€ op de Kapp.
Du bass interesséiert?
Da sich der schnell ee Beerpongpartner a mell dech bis den 01.11 un. D’Beerpong Liga start dann ab dem 02.11.
Wann dir et dann an eis Beerpongliga gepackt hutt, wäerte mer iech nach ee Link fir an eis Whatsapp-Grupp schécken, wou dir nach weider Informatioune kritt.
Mir freeën eis op eng flott Beerpongliga!
P.S. Pro Equipe brauch och nëmmen eng Persoun iech unzemellen an déi Persoun soll dann och weg déi 10€
iwwerweisen.
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.