Assemblée Générale

Assemblée Générale

18.06.2025 - 18:00

Léif Memberen,

Mir lueden iech alleguer häerzlech op déi dësjäreg Assemblée Générale Ordinaire vum LSM an. Dës wäert den 18. Juni 2025 um 18:00 am Augustiner am Dom stattfannen. Hei zitt den aktuellen LSM-Comité de Bilan vum vergaangene Comitésjoer, dat heescht et wäerten de Réckbléck iwwer eis Events an Aktivitéiten souwéi de Budget financier präsentéiert ginn.

No der oppener Diskussioun gëtt da schlussendlech de Comité 25/26 fir dat nächst Comitésjoer gewielt.

Fir un der AG deelhuelen ze kënne musst dir eng aktuell gülteg Memberskaart hunn. Wann der net kënnt un der AG deelhuelen, hutt dir d’Méiglechkeet iech duerch eng aner Persoun mat enger Prokuratioun vertrieden ze loossen. Jiddereen däerf awer maximal nëmmen 1 aner Persoun representéieren.

Dëst Joer musse mir och eng AG extraordinaire aberuffen, well mir eis Statuten un dat neit Gesetz vum 7. August 2023 upasse wëllen. Fir op enger AG ordinaire doriwwer ofstëmmen ze kënnen, mussen zwee Drëttel vun de Membere vum Veräin present oder vertruede sinn. Well dat aller Viraussiicht no, net de Fall wäert sinn, hu mir d’Méiglechkeet op enger AG extraordinaire iwwert d’Statutenännerung ofzestëmmen. Hei geet d’zwee Drëttel Majoritéit vun de presente Memberen duer. Den Ordre du jour fannt dir an enger Annexe.

No dem offiziellen Deel wäert dann och nach een Iessen an ee Faass Béier vun eis spendéiert ginn, de Recht musst dir da selwer iwwerhuelen. Fir dass mer genau kënne plange wéi vill Leit kommen, muss ee sech heifir bis spéitstens de 15. Juni umellen. Natierlech kann een och ouni Umeldung op d’AG kommen, mee an dem Fall dann awer ouni um Iessen deelhuelen ze kënnen

Natierlech siche mer wéi ëmmer motivéiert an engagéiert Memberen déi sech fir den LSM-Comité 25/26 mellen. D’Aarbecht am Comité ass extrem ofwiesslungsräich an et kann een dann och mol ee Bléck hannert d’Kulisse werfen a säin eegenen Input mat abrénge fir esou Erfarunge fir d‘Zukunft ze sammelen. Mir wäre frou wann déi interesséiert Leit eis kéinten hier Kandidature bis spéitst de 17. Juni 2025 u comite@lsm.lu schécke well dat eis d’Organisatioun vun der AG méi einfach mécht. Natierlech sinn awer och Kandidature wärend der AG méiglech.

Fir dass der iech ee Bild dovunner maache kënnt wéi d’Aarbecht am Comité ausgesäit maache mir dann och dëst Joer erëm eng oppe Comitésversammlung (CV) wou jiddereen, dee mam Gedanke spillt sech fir de nächste Comité ze mellen, häerzlech wëllkomm ass. Dës CV wäert de 11. Juni um 18:30 stattfannen, d’Plaz wäerte mer nach méi spéit bekannt ginn. Sot eis w.e.g. Bescheed wann dir hei wëllt deelhuelen, da kënne mir deementspriechend plangen.

Convocatioun AG 2025

Convocatioun AG extraordinaire 2025

Ordre du Jour AG 2025

Ordre du Jour AG extraordinaire 2025

Prokuratioun AG 2025

Prokuratioun AG extraordinaire 2025

Umeldung

Du muss ageloggt sinn, vir dech kënnen vir dëst Event unzemellen. Login