Assemblée Générale
20.06.2026 - 18:00
Léif Memberen,
Mir lueden iech alleguer häerzlech op déi dës järeg Assemblée Générale Ordinaire vum LSM an. Dës wäert den 20. Juni 2026 um 18:00 am Augustiner am Dom stattfannen.
Hei zitt den aktuellen LSM-Comité de Bilan vum vergaangene Comitésjoer, dat heescht et wäerten de Réckbléckiwwer eis Eventer an Aktivitéiten souwéi de Budget financier präsentéiert ginn. No der oppener Diskussioun gëtt da schlussendlech de Comité 26/27 fir dat nächst Comitésjoer gewielt..
Fir un der AG deelhuelen ze kënne musst dir eng aktuell gülteg Memberskaart hunn. Wann der net kënnt un der AG deelhuelen, hutt dir d’Méiglechkeet iech duerch eng aner Persoun mat enger Prokuratioun vertrieden ze loossen. Jiddereen däerf awer maximal nëmmen 1 aner Persoun representéieren.
Mir freeën eis op iech. 💙
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.