25. Anniversaire
04.04.2026 - 19:00
Léif (Ex-)Münchener Studenten,
De 4. Januar 2026 waren et elo genau 25 Joer hier, dass de Veräin LSM am Kader vun der éischter REEL zu München vu motivéierte Studenten zu enger ASBL ëmgewandelt gouf. Domat hunn si de Grondstee geluecht fir dat wat mir elo als LSM kennen!
1996 huet déi éischt Editioun vun eisem Münchner Bal stattfonnt, deemools nach a senge Kannerschong, huet en sech iwwert d’Joren duerch Standuertfroen, Onsécherheeten an eng Pandemie gekämpft. Dowéinst kënne mir dëst Joer zesummen och eisem Bal säin 30te Gebuertsdag feieren, an ee klénge Bléck ob seng Geschicht zeréckwerfen.
Dofir luede mir iech heimat alleguer häerzlech an, de 4. Abrëll 2026 mat eis dës Gebuertsdeeg vun eisem Cercle zesumme mat all de Studenten, Ex-Studenten a Frënn vum Veräin zu Lëtzebuerg ze feieren. E „Save the Date!“ gouf et heifir schonn, allerdéngs kommen elo e puer méi Infoen:
Wou? Am Melusina (145 Rue de la Tour Jacob, 1831 Lëtzebuerg)
Datum? 4. Abrëll 2026
Wéivill Auer? Start ass um 19 Auer
Umeldung? Mellt iech wannechgelift bis spéitstens den 29. Mäerz un.
Präis? 45€ fir Studenten, a 55€ fir d’Ancienen. Déi musst dir bis spéitstens den 30.03 op de Kont vum LSM iwwerwisen hunn:
LETZEBUERGER STUDENTEN ZU MÜNCHEN
IBAN : LU44 0019 2655 8968 1000
BIC: BCEELULL
Referenz : Anniversaire Virnumm + Nonumm
Dresscode? Casual-Chic (och gären Bayresch ugehaucht)
Wat kréien ech dofir?
Niewent der gudder Gesellschaft, flotte Gespréicher an d’Méiglechkeet nei an al (Ex-)Münchener Studente kennenzeléieren, gëtt et och Iessen a Gedrénks. Et erwaart iech e variéierte Walking Dinner, mat Entrée, Haaptplat, an Dessert. Och d’Vegetarier wäerten net ze kuerz kommen. Am Präis inclus ass och de ganzen Owend eng Flat fir Softs, Wäin, a Cremant an natierlech de gudden Augustiner Béier um Comptoir vum LSM. E klenge Programm, deen eis all zesumme bësse Freed brénge soll hu mir natierlech och organiséiert.
Bei Froe mellt iech gäre per Mail op ben.kieffer@lsm.lu!
Bis dohi bleift gesond a monter,
Den LSM Comité mat der Hëllef vun enger Rei Ex-Presien
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.