1. Mee Wanderung

1. Mee Wanderung

01.05.2023 - 09:00

Den 1. Mee ass et erëm sou wäit: d’Biergschong ginn aus dem Schaf geholl an de Kompass gëtt erausgekroopt, well d’1.-Mee-Wanderung steet virun der Dier. Dëst Joer gi mir zesummen op Taubstein, wou mir op der Spëtz eng mega Panorama Vue kréien. 🥾

Fir dohin huele mir Méindes um 9h30 den RB55 an dono de Bus 9562. No enger Stonn an 20 Minutte si mir dann zu Spitzingsattel ukomm an eis Wanderung ka lass goen. Well jo puer vun Iech selwer een Ticket hunn (z.B 49€-Ticket), sollt dir bei der Umeldung uginn op dir een Ticket braucht oder net. Wann dir een braucht wäerte mir den Dag ee Bayern-Ticket kafen, deemno kann den Zuchticket fir Iech dann 12,60€ bis 18€ fir hin an zréck kaschten. 🎫

De Wee ass 9km laang an et ass een Héichtenënnerscheed vu 577 Meter. Fir d’Mëttesiesse stäerke mir eis dann an der Schönfeldhütte éier et weider geet. Genauer Informatiounen zu der Wanderung an dem Wee fannt dir ënnert dësem Link : https://www.hoehenrausch.de/berge/taubenstein/

Mir bieden Iech fir um 9 Auer um Hauptbahnhof ze sinn, fir dass och kee Stress beim Ticket-Kaf ass. ⏰ Mir hu keng Limite u Leit, mee fir dass mir een Iwwerbléck hunn, biede mir Iech bis den 29.04 hei unzemellen.

Natierlech musse mir och spontan kucken ob d’Wieder dës Wanderung zouléisst, wisou mir eventuell d’Wanderung nach musse verleeën, mee do wësst dir allerspéitstens den Dag virdru Bescheed! 🌞

Mir freeën eis op iech!
Ären LSM-Comité 💙

Umeldung

Du muss ageloggt sinn, vir dech kënnen vir dëst Event unzemellen. Login