1-Mee Wanderung

1-Mee Wanderung

01.05.2026

Traditionsgetrei organiséiert den LSM nees eng 1. Mee-Wanderung. Dëst Joer geet et op de Wendelstein! :mountain::hiking_boot:

Hues du Loscht op e sportlechen Tour, a wëlls bis op de Gipfel trëppelen, dann ass Treffpunkt um 7:45 um Hauptbahnhof.

Du hues éischter Loscht op eng kleng Wanderung um Gipfel? Dann komm fir 10:15 op den HBF.

Den Deutschlandticket ass fir all d’Trajeten mam Zuch gülteg, just d’Gondel muss jiddereen selwer bezuelen: fir den Aller Retour (gemittleche Grupp) ëm 25 EUR, just fir biergof (sportleche Grupp) ëm 18 EUR. D’Präisser kënne variéieren, dat hängt dovun of, ob mir vum Gruppentariff profitéiere kënnen oder net).

No der jeweileger Wanderung iessen an drénke mir all zesummen eppes Guddes um Gipfel ier dass et mat der Gondel nees biergof geet. Kuerz viru 17h si mir dann nees zu München um HBF, also fréi genuch fir sech virum BASECup nees frësch ze maachen.

Umelle kënn dir iech ab elo ënnert follgendem Link:

Mir freeën eis op iech!
Ären LSM-Comité 💙

Umeldung

Du muss ageloggt sinn, vir dech kënnen vir dëst Event unzemellen. Login