Réckbléck: Ersti-Pubcrawl 2020

Dëst Joer huet de Comité, net wéi an de vergaangene Joren, eis Erstien réischt um Welcome Day kenne geléiert, mee mir ware scho virdru mat hinnen op den Tour an hunn hinne flott Caféen tëschent der dem Marienplatz an der Münchner Freiheit gewisen.

Mir hate 5 Ekippe mat 5-7 Motivéierten Erstien an 1-2 Comitées Memberen. Als leschte Café stoung dunn d’Klenze 17 op der Lëscht, wou Erstien och direkt eise Stammcafé kenne geléiert hunn.

E Pubcrawl ass natierlech näischt, wann et net och em eppes geet! Och wa kenneléieren am Virdergrond stoung, ass et dorëms gaangen, wéineg Grupp am meeschte Gedrénks konsuméiert haten.

Den Noah wollt senger Grupp direkt weise wéie Rithmus mir hei zu München drop hunn an huet seng Grupp am meeschte gepush. Domadder huet dem Presi seng Grupp déi éischt Editioun vum Ersti-Pubcrawl gewonnen a kruten als Präis der Klenze eng Ronn Pfeffi ausginn.

Et muss awer nach dem Jean a Max erwäänt ginn, déi nom éischte Café hiren Tour ofgebrach hunn an hirer Liblingsbier Beschäftegung nogaange sinn. Si waren nämlech mat hirer Grupp Beerpong spillen! Fir de gemeinsamen Ofschloss waren se dunn awer nees an der Klenze. Och wann déi beim Beerpong gedronke Béieren net gezielt hunn, krut hier Grupp warscheinlech de beschten Abléck an d’Studenteliewen.

Mir als Comité hu bäi dësem éischte Versuch vun dëser Aktivitéit ee ganz Positive Bilan gezunn an hoffen dass dat déi nächst Joren esou widderholl gëtt.