Chrëschtfeier – Spend

Wéi all Joer hu mir eis Chrëschtfeier zum Ulooss geholl eng Spent fir de gudden Zweck ze sammelen.

Ugesichts der Aktualitéit vun der Flüchtlingssituatioun hunn mir eis entscheed eisen Don un d‘Flüchtlingshilfe München ze riichten. Dëst ass eng Organisatioun, déi sech fir d’Integratioun vu Flüchtlingen an eis Gesellschaft asetzt, andeems si Däitschcoursen an allgemeng Alphabetiséirungscourse souwéi weider Aktivitéiten an Hëllef ubidden.

Gruppe junger Leute zeigt Zusammenhalt

Mir als Lëtzebuerger Studenten zu München sinn hei zu München mat oppenen Äerm empfaange ginn. An sou wëlle mir mat eiser Spend de Flüchtlingen, deenen et mat der Integratioun net sou einfach fält wéi eis, mam Start an hiert neit Liewen hëllefen.

De Montant den eis Memberen ob der Chrëschtfeier gespent hunn, gëtt nach eng Kéier vum LSM verduebelt sou dass mir dëse gudden Zweck mat 300€ ënnerstëtzen.