Réckbléck: Beerpong-Turnoi

Dest Joer gouf et alt rëm en LSM-Beerpong-Tournoi. Hei hunn 16 Equipe sech bedeelegt mat jeeweils 2 Spiller. No enger knackeger Gruppephasen, wou puer Equipe hiert Talent gewisen hunn an aner Equipe keng Leeschtung bruecht hunn, gouf et dunn eng K.O.-Phase.
Eng spannend Véierels- an Halleffinall hunn dofir gesuergt dass et zum Duell vun den aussergewéinleche Männer komm ass: Pilot an Haentges géint Thomé a Baustert. Dese Match gouf vu Pilot an Haentges gewonnen. Woubäi ee soe muss, dass déi 2 d’Ielebou-Reegel net agehalen hunn. (Pff de Verfaasser ass e schlechte Verléierer…) Hin oder hier, den LSM gratuléiert de Gewënner.