Sport

Och Thema Sport ass beim LSM ganz wichteg. Hei kann een zum Beispill a Sportaarte wéi Fussball, Basket, Spikeball a Volleyball mat anere Lëtzebuerger zesummen spillen. Hei treffe mir eis am Wanter wann et méiglech ass an enger gelounter Hall an am Summer op Freiplätze (fir de Fussball a Basket) oder am Englesche Gaart (fir de Volleyball a Spikeball) fir beim guddem Wieder zesumme Sport ze maachen.

Ganz nei dëst Joer ass den LSM-Laftreff. Hei ass d’Zil dass ee wann ee Loscht huet mat aneren zesumme lafen ze goen, einfach an eis Grupp schreift an dann aner motivéiert LSM-Membere fënnt déi mat engem ginn.

Tournoi de Noël

Ganz wichteg Datumer fir eis Sportler sinn de 27. an 28. Dezember, wou all Joers den Tournoi de Noël stattfënnt. Hei spillen déi verschidde Lëtzebuerger Studenten-Cerclen am Basket, Volleyball a Fussball géinteneen. Dass natierlech och wichteg, dass eis Sportler richteg motivéiert sinn, dofir ass et all Joer rëm cool wa mir genuch Supporter hunn di gutt Stëmmung maachen. Fir déi ass natierlech och fir genuch Gedrénks a Spaass gesuergt.

Volleyball Turnéier

Den LSM organiséiert och all Joer ee Volleyball Turnéier, wou dir iech mat ären Kolleegen umellen kënnt fir géint aner lëtzebuerger Studenten ze spillen. Natierlech kann een hei och eppes gewannen a fir déi, déi léiwer nokucken ass och fir Gedrénks a Stëmmung gesuergt.

ZHS – Zentraler Hochschulsport

Ausserdeem kann een als Student ze München och vu grousser Offertë u Sportaarte vum ZHS (Zentraler Hochschulsport) profitéieren. Hei kann een sech fir 12 Euro e Basic Ticket huele mat dem een sech a vill verschidde Sportcoursen aschreiwe kann.

Méi Informatiounen dozou an och wei een zum Beispill eise Whatsapp-Gruppe fir déi verschidde Sportaarte bäitriede ka fannt dir an eiser Grupp op Facebook oder op Instagram.

Mir freeën eis op all motivéierten LSM-Member, dee gären beim Sport matmëscht!