Réckbléck Klausurtagung

De Weekend vum 10. Oktober huet et den LSM-Comité fir d’Klausurtagung bis op Neufahrn verschloen.
Zesummen a mat vollem Asaz sinn eng ganz Panoplie vun Eventer geplangt ginn, dorënner am Detail natierlech den Ersti-Pubcrawl an de Welcome-Day.

Nieft dem ganzen Organiséieren, hate mir awer och d’Zäit de Kapp e bësse rouen ze loossen. Owes huet et eis bei den Italieener gezunn, a bei gudder Stëmmung hu mir de Wee zeréck bei de Gasthof fonnt an den Owend mat ganz vill Laachen ausklénge geloss.

No deem gelongene Weekend däerft dir iech also genee wéi mir op déi vill kommend Aktivitéite freeën!💙