Ugefaangen huet eisen Intercercle mat engem Welcome Patt an eisem Stammcafe der @klenze_17 um Donneschdeg. Mat enger offréierter Welcome-Béier🍻 war et schnell Full House an der Klenze a jidderee war perfekt agestëmmt fir den Dag drop op de Wiesn sou richteg Gas ze ginn.
Freides huet et eis da schonn um 07:30 an d’Schlaang virum Oktoberfest verschloe wou mer dann um 10:00 Richtung ,,Hacker Festzelt: Himmel der Bayern” gelaf sinn an de ganzen Dag fir mega Stëmmung gesuergt hunn🍾🪩. Versuergt mat lauter Maß Béier, gudder Musik a 500 ,,Prosit der Gemütlichkeit” hunn déi meescht et da gepackt ganzer 13h am Zelt ze verbréngen an dono nach weider ze feieren.
Samsdes gouf et fir déi déi sech moies aus dem Bett gehuewe kruten dann e bayresche Brunch🥨 am Schwabinger Wasserturm an dono ass et weider ob e Pubcrawl gaange wou mir a 4 Gruppen d’Hopfendolde, d’EsteBar, de Superschmarrn an de Cadu onsécher gemaach hunn an dat ganzt mat enger Fotochallenge📸 nach mei spannend gemaach hunn.
Mir soe jidderengem merci den déi lescht Deeg mat eis verbruecht hutt an de Wee bis op Münche fonnt huet. Ouni iech wier den IC nimools esou en Erfolleg ginn💙. Mir freeën eis schonn elo iech neechst Joer fir dat gréisste Volleksfest erëmzegesinn.
Ären LSM Comité💙💙











Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.