Dëst Joer wor Münche rëm mat 12 motivéierte Memberen op der REEL zu Oochen dobäi! Thema vun dëser Editioun: „Gerontokratie (griichesch “Herrschaft vum Rot vun den Alen”) an d’Fro vun Zukunftsfäegkeet” Donneschdes ass et scho ganz fréi um 09:00 lass gaangen. No ACEL Workshops hu mir eppes giess an dono mat Presentatioune vun eise Partneren, enger Partnerfoire an engem Walking Dinner weidergemaach. Den Owend ass da gemittlech mat enger Soirée privée ausgeklongen.🪩
Freides moies goufen et technesch Visitte bei ILT – Institut für Lasertechnik, Jülich Supercomputer, Jülich Hirnforschung, Sternwarte a Babor Beauty Cluster.
Am Nomëtten hu mir e Rallye matgemaach an owes goung et du weider op d’Soirée Publique, wou richteg gefeiert gouf!🍾🎉
Samsdes stoung d’Journée Politique um Programm. No Riede vum Leny Nickels, Stéphanie Obertin a Laurent Zeimet, krute mer d’Thema vun der Reel vum Philippe Weides a Joao Borges méi genee virgestallt. Nom Mëttegiessen hunn zwou Table-Rondes mam Stéphanie Obertin, Djuna Bernard, Sven Clement, Ben Polidori, Liam Bremer, Marc Lauer a Patrick Dury stattfonnt. An der Table Ronde gouf iwwert d’Haaptthema vun der REEL diskutéiert. Owes gouf dunn nach eng Kéier richteg Gas ginn op der Soirée Chique.👠🥂
Sonndes si mer du nom gudde Brunch op weider Visitte gaange bei Euregiozoo, Aquana Würselen, Weijngaard Vineyard Martinus a Gulpener Brouwlokaal.
E grousse Merci un de Comité @reel_oochen2026 an un
@acelluxembourg fir dës onvergiesslech REEL!💙

Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.