Den 19. Juni hu mir eis am Augustiner am Dom fir eis Assemblée Générale getraff. Mat engem Faass Béier hu mir dunn d’Joer Revue passéiere gelooss, diskutéiert, an Iddie fir dat nächst Comitésjoer ausgetosch.
Nodeems eisen Ersti vum Joer gewielt ginn ass huet de Comité 2025/26 Äddi gesot, an dat mat enger emotionaler Ried vum Yann Windeshausen den als President de Comité déi lescht 2 Joer laang mat Engagement geleet huet. Mir soen op dëser Plaz dem ganze Comité villmools Merci dass si eis dat lescht Joer esou vill flott Momenter an Eventer erméiglecht hunn.💙💙💙
Um Enn gouf dann de Comité 2026/27 gewielt, den direkt mat voller Virfreed an dat neit Comitésjoer gestart ass. No der AG gouf den Owend dann nach mat engem leckeren Iessen am Augustiner an enger WM Watch Party an der Klenze ausklénge gelooss.
An de Comité gewielt goufen:
Ben Kieffer – President
Jo Flies – Tresorier a Vize-President
Sophie Arendt – Merch
Leo Engels – Sportsminister
Pit Rauchs – Team Event
Pol Seyler – Team Event
Kevin Fischbach – Team Event
Tim Glodt – Sponsoring
Noély Wiltzius – Social Media a Sekretärin
Mir freeën eis,
Äre Comité💙




Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.