Iwwert dat ganzt Joer verdeelt waren eng gutt Rëtsch LSMler op deenen ënnerschiddlechsten Intercercle vertrueden an hunn nei Erënnerunge gesammelt.🧑🤝🧑
Gestart huet d’Saison 2025/2026 op der REEL zu Stroossbuerg, dem Trounwiessel, dem Caférally an dem Kölle Alaf. Zu Stroossbuerg ass eng gutt Tarte flambée giess ginn an zu Zürech um Clear the bottles hu mir keng Fläsche voll gelooss. 🍾
Donieft hunn eng Partie LSMler um Friblëtz Skiweekend, op der Route du vin, um Lët’z go Wü an um Saufest zu Wien deelgeholl.
E grousse Merci un all déi verschidde Cercle fir d’organiséiere vun dësen onvergiesslechen Eventer !💙









Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.