Réckbléck: CL-Finall Watchparty

Den 30. Mee hu mir eis RDV an der Klenze gi fir zesummen d’Champions League Finall unzekucken. Mir hu voller Spannung (a Konzentratioun wéi op der Foto ze gesinn) verfollegt wéi Paris-SG an Arsenal ëm den Titel gekämpft hu. Bis ganz zum Schluss ass et spannend bliwwen, ier de Match dann en Faveur vu Paräis op en Enn gaangen ass. ⚽🇫🇷