Réckbléck: Frühlingsfest

De 24. Abrëll ware mir um Frühlingsfest gutt vertrueden. Moies um 9h30 hu mir eis virum Zelt „Festhalle Bayernland “ getraff fir e puer Dëscher ze ergatteren. ⛺🍺

De Béier huet nees grandios geschmaacht a bis zum Schluss fir flott Stëmmung gesuergt. Bei gudder Musek, lëschteger Gesellschaft a ville Maß Béier konnte mir e schéinen Dag matenee verbréngen.💙