Réckbléck: Münchner Bal 2026

Um Ouschtersonnden, de 05. Abrëll, hunn eng gutt 800 Leit de Wee an de Melusina fonnt. Um Münchner Bal ware si mat guddem Béier, Blue Seppl Shots a Musek versuergt. Fir dass d’Danzfläch gefëllt war, hunn den @djkarier, @blueteck_music an @spyn_ofc gesuergt. 🪩🍻

Insgesamt war et nees en onvergiesslechen Owend! Dëst wär awer ouni eis Helfer a Premium-Helfer net méiglech gewiescht: Fässer duerch d’Géigend droen, hannert dem Grill stoen, Tickete scannen an d’Zapanlag bedénge waren nëmmen e kléngen Deel vun all den Aarbechten.
Dofir nach eng Kéier en décke Merci u jiddereen, deen eng Hand mat ugepaakt huet!💙

E weidere Merci geet dann u jiddereen, deen op de Bal komm ass. Mir hoffen iech all d’nächst Joer um Ouschtersonndeg rëm ze gesinn!