Réckbléck: Bowling

Samsdes, de 24. Januar hu mir eis um 18h beim Bavaria Bowling getraff an hunn eist Bescht ginn, souvill Pins wéi meiglech ëmzewerfen. Och wann dëst bei bei deem enge besser geklappt huet wéi bei deem aneren, huet dat déi gutt Stëmmung net gedréckt! 🎳

No der sportlecher Verausgabung ass den Honger du beim Italiener mat enger leckerer Pizza, Pasta oder Zalot gestëllt ginn.🍕