Den 22. Januar war d’Klenze gutt gefëllt an et ass gutt hëtzeg ginn: et war nämlech d’Finall vun der Beerpongliga 25/26!🍻
No deenen éischten 3 spannende Matcher war et dann endlech esou wäit an eis Finallisten „Pongstars“ a „Mentalité japonaise“ si geintenaner ugetruden. No engem Kapp u Kapp rennen konnten sech schlussendlech d’„Pongstars“ duerchsetzen! 🏆🏓
Den Owend hu mir bei gudder Stëmmung an e puer Partien Rage Cage ausklénge gelooss.
E grousse Merci un all d’Participanten vun der Liga an un all d’Supporter déi eis Spiller ugefeiert hunn! 💙




Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.