Zu Kitzbühel si mir op de Schi an um Snowboard gutt an dat neit Joer 2026 eragerutscht.🎿🏂
Freides den 2. Januar hu mir eis moies fréi géint 6h40 um Ostbahnhof Treffpunkt ginn. No 2 Stonne Busfaart a leckeren Dräikinnekskuchen si mir zu Kitzbühel ukomm. De Bierg huet och net laang missen op eis waarden, a mir hu séier d’Pisten onsécher gemaach. 🏔️
No engem laangen Dag op de Schi huet et déi éischt duuschtereg um 15h fir d’Happy Hour an d’Schirmbar verschloen.
Do misste mir direkt mol op ee flotte Weekend prosten a den Après-Schi war lancéiert.🪩
Fir virum Owesiessen an der Sonnalm nach e bëssen ze entspanen, huet eng Partie vun eis vun der Sauna profitéiert (an sech am Schnéi nees ofgekillt). No engem gudden 3-Gänge-Menu ware mer gestäerkt a prett fir den Owend an der Schirmbar nees alles ze ginn. 🍸💃
Dat huet eis awer net ofgehale fir moies déi éischt op der Pist ze sinn. Och wann d’Temperaturen niddreg waren, huet d’Sonn sech blécke gelooss a mir si bei bloem Himmel de Bierg erofgedüst.☀️❄️
Owes si mir mam Grillowend verwinnt ginn – deen ass nom ganze Schi- a Snowboardfueren gutt komm. Fir de leschten Owend an der Schirmbar ze feieren, hu mir dann nach eng Kéier alles ginn.
Nodeems mir sonndes moies d’Wallis gepak haten, hu sech déi meescht direkt op d’Pist gemaach, fir nach vun deene puer leschte Stonnen an dem schéine Schigebitt ze profitéieren. Um 17h huet de Bus fir op München am Dall och schonn op eis gewaart.
Midd, mee mat enger Sammlung vu schéinen neie Momenter si mir owes nees zu München ukomm.
Mir soen eise Wantersportler Merci fir déi schéin Zäit op der Alm an hoffe mir gesinn iech d’nächst Joer nees um Bierg! 💙



Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.