Réckbléck: Tournoi de Noël 2025

Den 22. an 23. Dezember war et nees souwäit an d’Bäll sinn um Geeseknäppchen duerch d’Sportshale geflunn. Um Tournoi de Noël war den LSM wéi üblech an den 3 Sportaarten – Volleyball, Basket a Fussball – staark vertrueden.

Den 1. Dag ass et moies direkt mam Volleyball a Basket lass gaangen. 🏐🏀
Am Volleyball konnt sech eis Ekipp, mat voller Ënnerstëtzung vun den LSM-Ultras, déi 5. Plaz erkämpfen.
Am Basket hunn eis Spiller alles ginn, an hunn déi 4. Plaz ergattert.
Den 2. Dag war dunn de Fussball un der Rei.⚽ Eis Jongen hunn um Terrain gutt geschweest, a schlussendlech hu si sech déi 7. Plaz geséchert.

Dëst Joer huet déi grouss Ënnerstëtzung vun eisen LSM-Ultras an eiser eenzegaarteger LSM-Band dofir gesuergt, dass eis Sportler topp motivéiert bleiwen. Déi gutt Stëmmung um Terrain an dernieft ass awer och nach anescht belount ginn: Den LSM huet den Zuschauerpokal gewonnen! 🥇🏆

E rise Merci un all eis Supporter a virun allem awer och natierlech eise Sportler, déi vollen Asaz gewisen hunn! 💙