Den 18. Juni hu mir eis am Augustiner am Dom fir eis Assemblée Générale getraff. Anescht wei déi lescht Joren, hunn dëst Kéier och missen eis nei Statuten, déi dem Gesetz vun 2023 ugepasst gi sinn, gewielt ginn. Fir besser duerch den Owend an hëtzeg Diskussiounen ze kommen, stoungen zwee Béierfässer an e gutt Owesiessen parat.
Iwwert den Owend hu mir dat lescht Joer en Revue passéiere gelooss an de Comité 24/25 huet äddi gesot. Op dëser Plaz soe mir hinnen e grousse Merci fir hiren Engagement. Duerch Iech war et eis méiglech vill flott Momenter ze erliewen!💙
Als Ofschloss ass dunn de neie Comité gewielt ginn an den Owend hu mir an der Klenze ausklénke gelooss. 🍻
Gewielt ginn ass:
- Yann Windeshausen – President
- Ben Kieffer – Vice-President
- Lynn Hujiben – Tresorière
- Leo Engels – Sportsminister
- Jo Flies – Team Event
- Pit Rauchs – Team Event
- Jos Winkin – Team Event
- Eric Kieffer – Sponsoring
- Anne Ruppert – Sekretärin & Social Media
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.