Fir d’Summerrees 2025 huet et 24 Membere bis op Prag verschloen wou mir vum 29.05 op den 01.06 d‘Stad onsécher gemaach hunn. 🧳
Gestart ass dat ganzt donneschdes moies um 6h00 op der Gare zu München. Voller Elan si mer no der Zuchfaart an der tschechescher Haaptstad ukomm. 🇨🇿 Do ass et nom erkundegen vum Hostel direkt weidergaange mat enger Faart mam Béierbus duerch d‘Stad. Owes war dunn Party am „Durty Nelly‘s Irish Pub“ ugesot.
Den 2. Dag si mer duerch d’Stroossen vu Prag geschlendert an eng Partie vun eis hunn sech op de Wee gemaach fir Paintball spillen ze goen. Hei konnte mir eis Schéisskënscht ënner beweis stellen. 🔫 Nees all beieneen, huet owes de Pubcrawl gestart, bei deem gutt gebechert a gelaacht ginn ass. 🍻
Samsdes ass et nom Kaffi an den Escape Room gaangen, wou eis Ekippen hier Teamfäegkeet ënner Beweis stelle konnten. No enger leckerer Wäindegustatioun ass et schlussendlech nach an den Dublex gaangen, en Owend deen nach laang an Erënnerung bleift! 🪩🍇
De leschten Dag ass och nach voll ausgenotzt ginn, sou ware mir an de Sex Musée, wou een dat eent oder anert konnt bäiléieren. Leider konnte mer net méi laang bleiwen an am Nomëtten hu mir déi eppes méi laang Heemfuert ugetrueden. 🚅
No dësem onvergiesslechen Trip freeë mir eis schonn op dat nächst Joer, wee weess wou et eis dann hiverschléit! 💙🌍
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.