Réckbléck: Student fir 1 Dag

Den 10. Abrëll si 7 Schüler aus dem Lycée eis am Kader vum Student fir een Dag op München besiche komm.
Den éischten Treffpunkt war d’Universität. Do krut all Schüler eng Mëtsch a gouf domadder zu München begréisst. Wéi üblech stoungen dunn d’Visite vun der TUM an der LMU um Programm.
An engem Hörsall an der TUM konnte mir de Schüler den LSM virstellen an d’Studenteliewe bësse méi nobréngen, ausserdeem kruten si Unien an déi verschidde Studiegäng, déi si interesséiere presentéiert. No enger weiderer Präsentatioun vun der ACEL, hu mir eis direkt op de Wee zum Mëttegiesse konnte maachen. Am Steinheil 16 konnten d’Schüler een Deel vun der bayrescher Kultur kenneléieren, mat Schnitzel, Kasespätzle a co.
Nom Mëttegiessen, hu mir eis op de Wee fir op Garching bei d’Stammgelände vun der TUM gemaach. Hei konnten d’Schüler hire villäicht zukünftege Campus gesinn an nach eng Kéier all déi Froe stellen, déi hinnen um Häerz loungen.

Zum Ofschloss hu mir nach ee klengen Tour duerch den Englesche Gaart gemaach an op den erfollegräichen Dag geprost.

Mir hoffen den een oder aneren am Oktober oder deenen nächste Joren zu München begréissen ze kennen.
Dobäi wëlle mir der ACEL nach eng Kéier Merci soe fir déi gutt Organisatioun an Zesummenaarbecht.💙🧡