Och dëst Joer huet um Ouschtersonndeg eisen traditionelle Münchner Bal stattfonnt!🍻
Eng ronn 1000 Leit hunn den 20. Abrëll de Wee an de Melusina fonnt, fir déi flott Stëmmung, de gudde Münchner Béier an eise Blue-Seppl Shot ze genéissen. Fir flott Musek huet nees keen anere wéi den @djnosi gesuergt.🕺
Insgesamt war eise Bal e grousse Succès, dëst wär awer ouni eis Helfer an Premium-Helfer net méiglech gewiescht: vun Op-bis Ofriichten an och wärend dem Bal ware si eis eng grouss Hëllef.
Dofir nach eng Kéier een décke Merci!💙
Ee weidere Merci geet u jiddereen, deen op de Bal komm ass. Mir hoffen iech d’nächst Joer alleguer rëm ze gesinn!🥳
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.