Réckbléck: Beerpong Liga Final

Dëst Wantersemester huet erëm eis Beerpong Liga stattfonnt. Wärend zwee Méint si 16 Ekippen, opgedeelt an 2er Gruppen, am Beerpong géinteneen ugetrueden. Zum Schluss hunn et 4 Ekippen an d’Halleffinalle weider gepackt.
Fir déi final Matcher hu mir eis an der Klenze versammelt an déi 4 bescht Ekippe wärend hire leschte Ronnen ënnerstëtzt.
No zwou spannenden Halleffinalle konnten sech Folles (Lisa Wolles & Michel Fonck) a Mia san Voll (Leo Engels & Pit Rauchs) weider an d’Final kämpfen.
An enger opreegender Partie hu Mia san voll sech konnten duerchsetzen an hu soumat de Beerpong Tournoi fir sech entecheed.🏆