Réckbléck: REEL 2024

Och den LSM war dëst Joer gutt ob der D‘REEL 2024 vertrueden💙
14 LSM-Memberen hu mat ca. 120 anere lëtzebuergesche Studenten aus ganz Europa vum 19. bis den 22. September de Wee op Köln fonnt. Zum 40 järege Jubiläum stoung REEL ënnert dem Thema: “Zukunft gestalten: Kompetenzen am Kontext vun der Digitaliséierung” 🧑‍💻

Ugaangen ass et den Donneschde fréi zu Lëtzebuerg, wou mer de Bus op Köln geholl hunn. No engem Kaffi an enger Mëtsch war et dunn Zäit fir d‘Acel-Workshops a Partner-Virträg.
No spannende Gespréicher ob der Partner-Foire ass et dunn Owes op d‘Soirée privée gaangen.

Freides stounge Visitten an ënnert anerem de Ford-Werke oder dem WDR um Programm. Nom Mëttesiesse gouf et dunn eng Rallye duerch déi schéinsten Ecker vu Köln, ier et Owes op d‘Soirée Publique gaangen ass.

Samschdes war dunn och schonn d‘Journée politique mat héijem Besuch vun ënner anerem dem Grand-Duc Henri, an der Héichschoul-Ministesch Dr. Stéphanie Obertin. Ugefaangen huet dat ganzt moies mat engem Monologe vum Här Fabrice Roth ier dunn de Grand-Duc vir d’Mëttegiesse komm ass. Mëttes ass et du weider gaange mat der Table Ronde vum REELs Thema, ier mir owes all zesummen den Dag op der Soirée chique ausklénge gelooss, a gutt gefeiert hunn.

No engem laangen Owend gouf et de leschten Dag d‘Präisiwwerreechung, wou och e puer Münchener eng Goldmedaille ofgestëbst hunn🏅
Dunn ass et nach op d‘Visitten an ënner anerem d‘Motorworld an de RheinEnergieStadion gaangen, ier mer eis rëm ob de Wee ob Lëtzebuerg gemaach hunn.

Mir soen een décke Merci un de ganze Comité vun der @reel_koeln an der @acelluxembourg , a freeën eis schonns ob nächst Joer!