Réckbléck: Summerrees op Ljubljana

Zdravo! 4 Deeg laang, vum 14.05-17.05.26, hunn 25 LSMler d’sloweenesch Haaptstad entdecken dierfen. 🇸🇮

Depart war donneschdes moies um 8h00 um ZOB zu München. No 6 Stonne Faart mam Flixbus si mir zu Ljubljana ukomm. 🚌 Mir hunn eis Wallis an den Hostel gedroen, eis Zëmmer bezunn, an dono ass et direkt weidergaange mat enger (iwwerdaachter) Bootstour um Ljubljancia. Trotz villem Reen huet et eis net ofgehalen owes nach eng ganz Partie ënnerschiddlech Baren z’entdecken.☔

Freides hu mir de Marco kenneléieren dierfen, hie war eise Guide vum Moien an huet eis déi flottsten Ecker a Butteker vun der klenger Stad gewisen. Nom Mëttegiessen si mir sportlech ginn an hunn an der Lasergamehal alles ginn. Plätschnaass, a mol eng Kéier net wéinst dem Reen, si mir nees bis an den Hostel gefuer, hu geduscht an eis prett gemaach fir eis an der Pizzeria virum Pubcrawl nach gutt ze stäerken.🍕

Den 3. Dag vun eiser Rees, konnte mir de Prabbeli endlech méi oft op der Säit loossen. Moies fréi war eng grouss Partie vun eis (déi déi aus dem Bett komm sinn) Aaxt schéissen. Am Mëtte stoung dunn e Wäintasting um Programm. 7 sloweenesch Wäiner hu mir eis op der Zong zergoe gelooss, den een oder aneren huet gemunkelt, si hätten all liicht botteresch geschmaacht.🍷 Dono hu mir de Mo mat traditionellem sloweeneschen Iesse gestäerkt an et huet eis nees a sëlleg Baren a Clubbe verschloen. 🕺

Sonndes ware moies déi ganz motivéiert ënnert eis en Tour lafen. Dunn hu mir all zesummen am ‚Le petit café‘ gebruncht, ier dass mir eis Wallis nees gepaakt an eis op de Wee bei de Bus gemaach hunn. Pünktlech fir 20h55 ware mir nees an eiser Heemecht zu München ukomm. 🧳

No dësen onvergiesslechen Deeg, déi mir fir ëmmer an Erënnerung halen, freeë mir eis schonn op déi nächst Summerrees, egal wou et eis sollt hi verschloen!💙🗺️