Réckbléck: Chrëschtfeier

Wéi och déi lescht Joren huet eis de Kleesche mat senge Gesellen op der Chrëschtfeier den 13. Dezember feierlech beim „Zum Franziskaner“ begréisst. Jiddereen ass vum Kleeschen empfaange ginn, huet eng Foto op sengem Schouss dierfe maachen an en Äppel-Kanéil Shot mat him drénken. 🎅👼

All Mënsch, deen sech d’Joer iwwer gutt geschéckt huet, ass dann och belount ginn a krut nieft enger Tiitchen mat selwer gebake Kichelcher nach eng Klengegkeet geschenkt. Bei gudder Ambiance ass den Owend a flotter Tenue, ëmmerhi stoung dat ganzt ënnert dem Motto „Soirée chique“, ganz schnell verflunn. Nom 3-Gänge-Menü an enger kuerzer Paus, huet et déi éischt op d’Danzfläch gezunn. 🕺

Wärend dem Owend ass och annoncéiert ginn, wat d’Destinatioun vun der Summerrees 2026 ass. An zwar verschléit et eis am Summer op … Ljubljana! 🇸🇮

Eisen traditionellen Don ass dëst Joer un d’Fondatioun Cancer gaangen. Insgesamt hunn eis generéis Membere 513,30€ gespent, an den LSM huet dës Zomm op 1030€ verduebelt.

Mir soe merci fir dee wonnerschéinen Owend a freeën eis op weider wëll Nuechten!💙