De 6. November ass et an der Klenze hëtzeg ginn, ëmmerhi waren d‘Käpp vun enger 60 Participante gutt um dämpen. Nieft Kategorien ewéi München, Sport a Science, hunn sech eis Ekippen och an de Beräicher Geographie a Musek beweise kënnen. 🗒️ No der Iessenspaus konnt jiddereen nees frësch gestäerkt weider rätselen. Schlussendlech konnt sech de Grupp „aLSM“ knapp géint déi aner duerchsetzen.
E grousse Merci fir de flotten Owend, a mir hoffen dir sidd d‘nächst Joer nees derbäi, wann et heescht: Bleift konzentréiert oder verléiert! 💙




Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.