Réckbléck: Ersti-Pubcrawl

Dësen Donneschde 16. Oktober 2025 ass et fir eis Erstien an nei Studenten zu München op de Pubcrawl gaangen. 

Eis véier Gruppen hunn alles gi fir déi meeschte Punkten ze sammelen. Nieft der klenger Kompetitioun war et awer virun allem en Owend voller gudder Laun a Spaass. Merci un all eis Participanten a natierlech och eis trei Memberen déi an de Baren eis Erstien wëllkomm geheescht hunn! 💙