Réckbléck: Klausurtagung 🖋️

De Weekend vum 11. Oktober huet et den LSM-Comité fir d’Klausurtagung bis op Neufahrn verschloen.  

Zesummen a mat vollem Asaz sinn eng ganz Panoplie vun Eventer geplangt ginn, dorënner am Detail natierlech den Ersti-Pubcrawl an de Welcome-Day, déi scho kuerz virun der Dier stinn! 

Nieft dem ganzen Organiséieren, hate mir awer och d’Zäit de Kapp e bësse rouen ze loossen. Owes huet et eis bei den Italieener zu Starnberg gezunn, a bei gudder Stëmmung (an deem engen oder anere schifen Toun) hu mir de Wee zeréck bei de Gasthof fonnt. 

No deem gelongene Weekend däerft dir iech also genee wéi mir op déi vill kommend Aktivitéite freeën! 💙