Réckbléck: Oktoberfest Intercercle 🥨

Fir dat grousst Volleksfest huet et eng 65 Participante bis op Münche verschloen. Ugefaangen donneschdes mat engem Wëllkommpatt an der Klenze, war den Dag drop scho fréi moies Treffpunkt a schéinster Truecht op der Theresienwiese. Dat fréit Opstoen ass mat enger gudder Mëtsch an der éischter Mass awer direkt belount ginn.🍻 Nom Besuch um Oktoberfest, huet sech deen een oder anere fir d’éischt nees missen erhuelen, ier dass et samsdes mam Brunch weider gaangen ass. Ofschléissend hunn eis Ekippen um Pubcrawl nach eemol alles ginn an den Owend no engem leschten Tour iwwert d’Oktoberfest an der Klenze ausklénke gelooss.

All de Participanten e grousse Merci, mir freeën eis schonn drop d’Bänken d’nächst Joer nees zum wackelen ze bréngen! 💙