Dëst Joer wor Münche rëm mat 13 motivéierte Memberen op der REEL zu Stroossbuerg dobäi! Thema vun dëser Editioun:
„Prix flambants et retraites en danger: un avenir prospère, est-il toujours possible au Luxembourg?“ 📈
Donneschdes ass et scho ganz fréi mam Bus lassgaang, mee trotz der fréier Middegkeet wor d’Stëmmung top! No der Arrivée goufen et Workshops vun der ACEL, an duerno d’Partnerfoire. Den Owend ass gemittlech mat enge Soirée privée ausgeklongen.
Freides moies goufen et Visitten entweder bei engem Wënzer, an enger Distillerie oder esouguer am Europaparlament. Am Nomëtten hu mir e Rallye matgemaach wou sech e puer Münchener mol guer net esou schlecht geschloen hunn. Owes goung et du weider op d’Soirée Publique, wou richteg gefeiert gouf!
Samsdes stoung d’Journée Politique um Programm. Mir hate Besuch vum Luc Frieden, Djuna Bernard, Martine Deprez a vum Stéphanie Obertin. An der Table Ronde gouf iwwert d’Haaptthema vun der REEL diskutéiert. Owes gouf dunn nach eng Kéier richteg Gas ginn op der Soirée Chique.
Sonndes si mer du nom gudde Brunch op weider Visitte gaangen. Mir hunn eis opgedeelt op eng Visitt beim Schlass, enger Brauerei an engem Musée du pain d’épices bis mer eis nees op de Wee zréck op Lëtzebuerg gemaach hunn.
E grousse Merci un de Comité @reel_stras2025 an un @acelluxembourg fir dës onvergiesslech REEL!
An natierlech och dem @lisa_hapiness fir d’Fotoen 1-5! 📸
Mir freeën eis elo schonn op d’nächst Joer! 💙
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.