Iwwert d’Joer verdeelt hunn eng gutt Rëtsch LSMler un deenen ënnerschiddlechsten Intercerclen deelgeholl, an nei Erënnerunge gesammelt.
Gestart huet d’Saison 2024/2025 mat der REEL zu Köln, a weider ass et gaange mam Caférally an den 11.11. mam Kölle Alaf. Zu Strossbuerg ass et eng gutt Tarte Flambée z’iesse ginn, an um Clear the bottles ass keng Fläsch eidel gelooss ginn. 🍾
Donieft war den LSM och sportlech um Friblëtz Skiweekend an um Spikeball IC zu Freiburg ënnerwee.🎿 An och op der Route du vin zu Strossbuerg, um Lët‘z go Wü a schlussendlech um Saufest konnt een deen een oder anere Münchener erblécken.
E grousse Merci un all d‘Cerclë fir d‘Organisatioun vun deenen onvergiesslechen Eventer!💙
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.