Réckbléck: Studentebal

Freides, de 04.07. ware mir um Studentebal op virun oder hannert dem Comptoir gutt vertrueden. Zesumme mam LSW an LSI hu mir eis lecker Drinks um Bouillon ënnert d’Leit bruecht. Op Vienna Bitch, Almmojito, Blue Seppl oder Cola Wäin, fir jidderee war eppes derbäi. 🍹🕺

Op dëser Plaz dann och e grousse Merci un eis Kolleege vu Wien an Innsbruck, mat iech ass den Owend wéi am Fluch verflunn!💫

@acelluxembourg Mir freeën eis schonn op d’nächst Joer! 💙