Réckbléck: Beerpong-Tournoi

Samsdes, den 28. Juni si bei de Pinakotheken d’Bäll geflunn. 19 Zweeër-Teams hunn hiert Kënnen ënnert Beweis gestallt an alles gi fir déi 10 Becheren ze treffen. 🏓

Mat gudder Musek a genuch ze drénken ass den Owend wéi am Fluch verflunn. Den Duo dee schlussendlech alles fir sech entscheeden, an sou hiert Kënne vum Wanter op e neits ënner Beweis gestallt hunn, war „mia san voll“. 👏🏻🎶

Mir freeën eis op alle Fall schonn op den nächsten Tournoi! 💙