Réckbléck : Summertollwood Stammdësch

Ofwiesselnd zu eise wéchentlechen Treffen an der Klenze, huet et eis donneschdes de 26.06 op den Tollwood beim Olympiapark verschloen. 🎪

D‘Wieder war de ganzen Dag scho wiesselhaft, hëtzeg a schmeier, ëmsou méi frou ware mir dass et ab 20h méi roueg ginn ass an d‘Sonn sech kuerz blécke gelooss huet.🌞

Gemitterlech si mer iwwert de Maart scharjeekelt, hu lauter Leckeres géint de klengen Honger giess a wéi et sech um Stammdësch gehéiert och mat engem Patt zesummen ugestouss. Donieft konnt een awer och d‘Hëft beim Salsa oder an der Silent Disco schwéngen, oder sech ee vun deene sëllege Concert’en ulauschteren.🎧🪩🕺