Réckbléck: Volleyball-Tournoi

Am Englesche Gaart ass et den 21.06 bei eisem Volleyball-Tournoi hëtzeg zougaangen. Eng 11 Ekippen si géintenaner ugetrueden an hunn trotz dem waarme Wieder, héich Leeschtungen erzielt. ☀️🏐

Fir sech tëschent de Matcher ofzekillen, ass deen een oder anere bis an d‘Isar gehopst, mee och soss waren eis Sportler mat kalem Gedrénks gutt versuergt. Duerch Musek an enger Hand voll Supporter am Hannergrond, ass d’Motivatioun net gefall. No enger spannender Finall konnt sech schlussendlech d’Ekipp „aLSM“ duerchsetzen an ass als Gewënner ervirgaangen. 🏆