Réckbléck: BaseCup

De Weekend vum 23. Mee op de 25. Mee ass et fir eng Rëtsch LSMler op Innsbruck op de Base Cup (Bavarian Austrian Sports Event) gaangen.⛰️

Ugefaange mat engem gudden Iesse freides Owes, ass et samsdes sportlech weidergaangen. D‘Ekippe konnten sech an ënnerschiddleche Sportaarte wéi Spikeball, Petanque a Vëlkerball beweisen. 🤾

Trotz allem Schweess ass et fir eng Plaz um Podium net duer gaangen, mee eis Sportler hunn alles ginn an sech dobäi gutt ameséiert. 💪🏻

Mee den Dag war nach laang net eriwwer, owes ass nämlech nach zesummen an der Mausefalle ) gefeiert ginn. 🪩 💃

Als Ofschloss konnte mir sonndes op der Arrivée vum Innsbrucker Stadtlauf d‘Leefer ufeieren.🏃‍♀️ 🏃‍♂️

No dëser Aventure freeë mir eis op d‘nächst Joer, dann ass Treffpunkt hei bei eis zu München!💙🍻