De 17. Mee hu mir eis an der Klenze versammelt fir d‘Finall vum ESC ze verfollegen. Voller Motivatioun hu mir d‘Sänger, a natierlech virun allem d‘Laura Thorn, ugefeiert a matgefiebert. 🎤🩰.
Op d’Punkteverdeelung ware mir op mannst grad sou gespaant wei d‘Participanten, ëmmerhi wollt jiddereen am Tippspill d‘Nues vir hunn. 🏆
An och wann deen een oder anere mat senger Virausso liicht dernieft loung, sou huet dat un der gudder Stëmmung näischt geännert!🎶🥁
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.