Op der dësjäreger Wanterrees op Kitzbühel hunn eis Membere ganz vill Gas ginn – souwuel um Bierg wéi och um Après-Ski.🎿
De Freiden hu mir eis moies géint 6h30 um Ostbahnhof getraff fir mam Bus op Kitzbühel ze fueren. No 2 Stonne Busfaart an engem leckeren Dräikinnekskuch si mir ukomm an hunn d‘Pisten direkt onsécher gemaach. ⛷️🏂
Um 15h00 huet ee schonn déi éischt Schifuerer op der Sonnalm an der Schirmbar bei der Happy Hour ugetraff. Do misste mir direkt mol op ee flotte Weekend prosten a den Après-Ski war lancéiert. 🍻
Och vun der Sauna konnte mir iwwert de Weekend profitéiert, ënner anerem zur Entspanung.
Owes war dunn den traditionelle Grillowend. Zousätzlech zum gudden Iesse gouf et eng Première op der Sonnalm – een Aperol Tower. 😋 Dësen huet eis fir de Rescht vum Owend gestäerkt, nom Iessen ass et an der Schirmbar nämlech nach ab gaangen.
Samschdes stoungen déi meescht scho moies fréi als éischt op der Piste. D’Sonn huet geschéngt a mir ware prett fir vun dem schéinen Dag ze profitéieren.
Owes si mir mat engem 3-Gänge-Menü verwinnt ginn – deen ass nom ganze Ski- a Snowboardfueren gutt komm.
De leschten Owend hu mir dann nach eng Kéier alles ginn.🕺🏻
Nodeems sonndes moies d‘Valise gepak goufen, waren déi meescht direkt um Wee fir op d‘Pist, fir nach vun de puer leschte Stonnen an dem schéine Schigebitt profitéieren ze kënnen.
Um 17h huet de Bus fir op München schonn op eis gewaart a sou wuer de flotte Weekend och scho rëm riwwer.💙
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.