Den 21. an 23. Dezember huet um Geesseknäppchen nees den Tournoi de Noël stattfonnt a wéi üblech war den LSM an den 3 Sportaarten – Volleyball, Basket a Fussball – staark vertrueden💪🏼
Den 1. Dag ass et moies direkt mam Volleyball a mam Basket lass gaangen.
Am Volleyball konnt sech eis Ekipp, mat voller Ënnerstëtzung vun den LSM-Ultras, déi 6. Platz ergatteren.
Am Basket misste mir eis, trotz groussem Effort vun eiser Ekipp, mat der 9. Platz zefridde ginn.
Den 2. Dag war du Fussball ugesot. No enger erfollegräicher Gruppephase, konnte mir eis an d’Final kämpfen. Mat grousser Ënnerstëtzung vun eisen LSM Ultras an eiser eenzegaarteger LSM-Band, huet eis Ekipp et op de Podium gepackt a den LSM mat der 3. Plaz stolz gemaach🥉
Och beim Consommatioun-Präis war den LSM mat der 3. Plaz um Podium.
Een decke Merci un all Sportler déi vollen Asaz gewisen hunn, an un eis Supporter ouni déi mir sécherlech net sou gutt ofgeschnidden hätten💙
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.