Dëst Joer u Kleeserchersdag, huet d’Chrëschtfeier nees mam Besuch vum Kleeschen a senge Gesellen ugefaang🎅🏼🧝🏼All Member gouf vum Kleeschen empfaang an huet dierfen een Äppel-Kanéil Shot mat him drénken
Eis brav Membere kruten dann och eng Titchen, gefëllt mat selwer gebake Kichelcher an eng Rei aner flott Kaddoen🎁
Am Restaurant zum Franziskaner huet dëst Joer eis Chrëschtfeier an der Form vun enger Soirée chique stattfonnt.
Hei hu mir eis mat engem 3-Gänge-Menü verwinne gelooss, wou natierlech d’Gedrénks och net ze kuerz komm🥂
Wärend dem Owend gouf dann och annoncéiert wou dëst Joer eis Summerrees stattfënnt… Et geet op Prag!🇨🇿
Den traditionellen Don ass dëst Joer un d’ALA, d’Association Luxembourg Alzheimer, gaangen. Insgesamt hunn eis generéis Memberen 330€ gespent an den LSM dëst op 660€ verduebelt.
Den Owend ass géingt Mëtternuecht op een Enn gaangen, woubäi fir verschiddener d’Nuecht knapps réischt ugefaang huet🕺
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.