Réckbléck: Welcome-Day

De Samschden, 19. Oktober huet wéi all Joer eise grousse Welcome Day stattfonnt.
Gestart huet alles beim Franziskaner, wou sech eis Erstien fir den Ersti-Brunch getraff hunn.🥨 No e puer Weisswürsten, Kéisstelleren an engem éischte Weissbier si mir da gutt gestäerkt op den Odeonsplatz gaangen, wou mir eis mat de Gruppeleaderen an anere Membere getraff hunn.
Do goufen d‘Gruppen agedeelt, mat Béier versuergt, an hunn sech da schonn op de Wee gemaach.
Ënnerwee a bei de Statioune konnten sech déi 6 Gruppen op ganz kreativ Aart a Weisen hier Punkten ergatteren. 
Déi eng méi, déi aner manner voll, koume mir Owes am Augustiner Keller un. 
No dem gudden Iesse goufen d‘Punkte gezielt a festgestallt, ween de Welcome-Day dëst Joer gewonn huet.🥳
Virun der Präisiwwerreeschung, kruten déijéineg, déi leschte Summer gedeeft goufen, nach ee klengt Undenke vum Daf-Comité geschenkt. 
Och eis Ex-Comitésmembere krute vun hiren Nogänger ee klenge Kaddo. 
Ofschléissend gouf dunn d‘Gewënnergrupp annoncéiert.🏆
Mir felicitéieren der Grupp „Limoncello“ fir hier spektakulär Victoire a soe jidderengem de matgemaach huet merci!💙