De 17. Oktober huet rëm eisen traditionellen Ersti-Pubcrawl stattfonnt.🍻
Als éischt Event vum neie Semester geet et haaptsächlech dorëms den neie Studenten d‘Stad an d‘Studenteliewe bësse méi no ze bréngen.
4 Gruppe voller motivéiert Erstien waren dann a verschidde Caféen a Bare wou eis Oldies si empfaangen an ënnerhal hunn.
Zum Schluss hu mir eis mat weider Memberen fir eise Stammdësch an der Klenze getraff. Hei ass dunn och d’Gëwennergrupp gekréint ginn a krut hiere Präis iwwerreecht.🥳 Ee grousse merci un all eis Erstien fir den immens flotten Owend!💙
LSM
Lëtzebuerger Studenten zu München

Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.