Réckbléck: Oktoberfest Intercercle 2024

Gestart huet eisen Intercercle donneschdes mat engem Wëllkomm-Patt an der Klenze, wou mir ob e flotte Weekend ugestouss hunn an eis mat dem een oder anere Béier op den nächsten Dag preparéiert hunn🍻. Freides huet et du geheescht fréi opstoen, well mir hunn eis scho moies fréi an eiser schéinster Truecht um Oktoberfest getraff, wou mir dunn de ganzen Dag ausgeloosse gefeiert hunn🕺🏼. Samschdes si mir du gemittlech zesumme brunche gaang ier mir mëttes an der Therme Erding entspane konnten. Eise leschten Owend hu mir du bei engem Iessen ausklénge gelooss.
Mir soen all deenen, déi do ware Merci an hoffen dir hutt iech gutt amuséiert🥳