Réckbléck: Flaucher

Den 11. Juli ware mir wéi gewinnt um Flaucher.

Och wa mir eist traditionellt Event hu missen em puer Deeg virverleeën, ware mir zuelräich versammelt an d’Stëmmung hätt net kéinte besser sinn!  
Beim gudde Wieder sinn de Béier an den Aperol extra gutt komm, och d’Gegrills huet net dierfe feelen.😋

No puer Partie Spike Ball, Beer Pong a Flunky Ball, wou mir vill zesumme gelaacht hunn, konnte mir gemeinsam dat éischt Event vun dësem Comités-Joer gemittlech ofschléissen.💙